Skip to content

Mir brengen

Iech Zesummen

Letzdate

Eng nei Geleegenheet fir face à face Leit kennenzeléieren

Et gi vill Mënschen, déi aleng sinn a net wëllen de Wee iwwert anonymmen Internet-dating goe fir nei Kontakter ze fannen. Mir bidden deene Leit d’Méiglechkeet sech face à face kennenzeléieren an engem agreabele Kader bei flotte Gespréicher. https://demoslots.casino/ sweet bonanza bahis siteleri casino siteleri slot siteleri kumar siteleri/ http://www.jtaics.org/ sugar rush spaceman oyna big bamboo slot
Secher & Diskret

Är Donnée gi vertraulech geréiert an u keen aneren weiderginn.

Selektiv

All Participant gëtt individuell iwwerpréift an ausgewielt.

Face à Face

Dir léiert bis zu 10 nei Leit kennen, gewiesselt gëtt all 10 min.

Flotte Kader

E léiwe, privatiséierte Wäibar ass déi ideal Plaz sech kennenzeléieren.

Loscht op en Letzdate?

Wann dir de Wonsch hutt, net méi aleng duerch d’Liewen ze goen an Iech en neie Partner wënscht oder och eng interessant an dauerhaft Frëndschaft, sidd dir bei eis richteg.

Mir organiséieren Treffe fir all Altersklass, wou bis zu 10 Dammen an 10 Häre kënnen deel huelen. Den Owend gëtt vun eis moderéiert an dauert circa 1 bis 2 Stonnen. 

Hei fann dir eis nächst Eventer.

Iwwert Eis

“Aus Gespréicher mat ville Leit, allen Alters, an awer och aus eegener Erfarung, wësse mir, wéi schwéier et ass e neie Partner oder eng nei Frëndschaft am Laf vum Liewen ze fannen. <br>


Alles leeft haut iwwer anonym Internetsite, wou e net wees op déi Profiller a Fotoen echt sinn.
Dat misst dach méi einfach, méi direkt an och méi sécher goen hu mir zwee eis geduecht. <br><br>
Domat war d’Iddi vu Letzdate gebuer, fir Iech d’Geleeënheet ze ginn, face à face Leit an engem diskreten, agreabele Kader kennen ze léieren. ”

Diane Origer & Vera Wantz

Grënner vu Letzdate

Iwwert Eis
“Aus Gespréicher mat ville Leit, allen Alters, an awer och aus eegener Erfarung, wësse mir, wéi schwéier et ass e neie Partner oder eng nei Frëndschaft am Laf vum Liewen ze fannen.
Alles leeft haut iwwer anonym Internetsite, wou e net wees op déi Profiller a Fotoen echt sinn. Dat misst dach méi einfach, méi direkt an och méi sécher goen hu mir zwee eis geduecht.

Domat war d'Iddi vu Letzdate gebuer, fir Iech d'Geleeënheet ze ginn, face à face Leit an engem diskreten, agreabele Kader kennen ze léieren. ”
Diane Origer & Vera Wantz
Grënner vu Letzdate

Froen an Äntwerten

Wat kascht d'Aschreiwung?

D'Aschreiwung selwer ass gratis. En ticket fir en Letzdate Owend kascht 50,00 EUR. 

Wéi verleeft en Letzdate Owend?

Den Owend gëtt vun eis moderéiert an dauert 1 bis 2 Stonnen. D'Damme sëtzen ob hirer fester Plaz an d'Häre wiesselen vun Damm zu Damm esou dass um Ënn vum Owend jiddereen am jidderengem geschwat huet. Dono loosse mer den Owend gemittlech zesummen auskléngen.

Wee sinn déi aner Leit?

Op engem letzdate Owend léieren 10 Dammen an 10 Hären sech géigesäiteg kennen. Nëmmen Leit aus der nämmlechter Altersklass kréien eng Invitatioun fir den Event geschéckt . Déi éischt 10 sinn ugemellt soubal den Ticket bezuelt ass. Dobäi kennt dat mir eng Preselektioun maache fir en intressante Mix u Leit beieneen ze bréngen.

Wéini sinn ech offiziell ugemellt fir den Event?

Deng Plaz ass definitiv reservéiert soubal d'Iwwerweisung bei eis agaangen ass, resp. den Ticket bezuelt ass.

Wat geschitt wann ech den Dag vum Event krank sinn?

Fir eis d'Organisatioun ze vereinfachen, ass et wichteg sech mat Zäit ofzemellen. Dorops hi proposéiere mir entweder en néien RDV oder iwwerweisen de Montant vun der Umeldung zréck,

Gi wärend dem Owend Fotoe gemaach?

Nee. Mir leeë wäert op Diskretioun a Privatsphär a maache keng Fotoe vun eise Gäscht.

Muss ech mech op den Owend virbereeden?

Nee, dat ass net néideg. Mir leeden Iech duerch den Owend, a këmmeren eis em alles, sou dat dir den Owend a Rou kënnt genéissen an nei Leit kënnt kenneléieren.

Ech sichen e Partner dee méi al/méi jonk ass. Däerf ech mech fir eng aaner Alterskategorie umellen?

Eis Alterskategorien sinn als Empfehlung geduecht an net obligatoresch. Wann dir wëllt bei engem Event Deel huelen dat net ärem Alter entsprecht ass dat kee Problem. Wann dir Iech net sëcher sitt, kontaktéiert eis roueg per Mail.